Beschreibung
Harmonesch Bëbeesmassage no Bruno Walter
D'Massage no Bruno Walter ass eng ganzheetlech a bindungsorientéiert Massage, geduecht fir Bëbeeën tëscht 6 Wochen a 6 Méint. De Cours besteet aus enger Mëschung aus Theorie a Praxis. Du léiers all Kéiers nei Grëffer, sou dat de Cours ganz gebucht muss ginn. Du kriss och nach zousätzlech Informatiounen iwwer "BëbeeSinn" a mir schwätzen nach iwwer aner spannend Themen. Aromatherapie, Kläng a Stëmmgafele sinn och feste Bestanddeel vum Cours. No deene 6 Kéieren kann s du däi Bëbee ganz selbststänneg doheem mat där wonnerbarer rhythmescher Massagetechnik verwinnen. An och du als Mamm/Papp profitéiers dovunn, wann s du gesäis wéi gutt dat Ritual déngem Bëbee deet.
Déi harmonesch Bëbeemassage no Bruno Walter ass iwwregens vill méi wéi nëmmen eng Massage. Si ass eng déifgräifend Form vun non-verbaler Kommunikatioun, déi d’Bindung tëscht Elteren a Kand immens stäerkt. Duerch déi zäertlech Beréierungen entsteet eng super Geleeënheet, fir Urvertrauen, Sécherheet a Gebuergenheet ze vermëttelen.

D’Massage hëlleft net nëmmen dobäi, Spannungen ze léisen an d’Kand zur Rou ze bréngen, mee kann och positiv Auswierkungen op d’Verdauung, de Schlofverhalen an d’kierperlecht Wuelbefannen hunn. Si ënnerstëtzt d’Entwécklung vum Nervesystem, stäerkt d’Immunitéit a kann hëllefen, Bauchkrämp ze léisen. Bebeëen léiere hiren eegene Kierper besser kennen, wat och fir hir motoresch Entwécklung wichteg ass.
Dës intim Momenter droen dozou bäi, eng staark emotional Bindung opzebauen, eng Basis, déi e Liewe laang bleift. Och fir d’Elteren ass et eng Zäit fir ofzeschalten a sech mat hirem Kand voll a ganz ze verbannen.
Ech bidden dës Massage an engem rouegen, harmoneschen a waarme Kader un - individuell oder an engem Mammekrees.
Do weg gemittlech Kleeder un, bréng rutschfest Strëmp oder Schlappen, e Buedduch an eppes fir ze drénke mat! Merci!
Harmonesch Bëbeesmassage no Bruno Walter
D'Massage no Bruno Walter ass eng ganzheetlech a bindungsorientéiert Massage, geduecht fir Bëbeeën tëscht 6 Wochen a 6 Méint. De Cours besteet aus enger Mëschung aus Theorie a Praxis. Du léiers all Kéiers nei Grëffer, sou dat de Cours ganz gebucht muss ginn. D...

Events
Block
-
Harmonesch Bëbeesmassage no Bruno Walter
Keine Beschreibung verfügbar
Termine - Di 14 Apr 08:00-09:30
- Di 21 Apr 08:00-09:30
- Di 28 Apr 08:00-09:30
- Di 5 Mai 08:00-09:30
- Di 12 Mai 08:00-09:30
- Di 19 Mai 08:00-09:30