Zurück

Beschreibung

BellyBasics Doula

De “Belly Basics” ass e ganzheetleche, bindungs- a bedierfnisorientéierte Cours, deen dech dobäi ënnerstëtzt, d’Wochebett méi bewosst ze gestalten. Nieft wichtegem Wëssen iwwert d’kierperlech an emotional Verännerungen an dëser sensibeler Phase, léiers du och, wéi bedeitend et ass, e staarkt ‘Duerf’ ronderëm dech ze hunn, Mënschen ze hunn, déi dech an däi Partner:in konkret entlaaschten. 

Am Cours gëtt och erkläert, wat d’Aufgab vun der Hiewan ass an wéi eng Roll eng Doula dobäi spille kann. Béid hunn ënnerschiddlech, mee sech ergänzend Kompetenzen.

De Fokus am Cours gëtt am Ufank op d’Preventiounsmesuren wärend der Schwangerschaft, wärend der Gebuert a wärend dem Wochebett geluecht. 

Uschléissend ginn dës Theme behandelt:

-Bëbeelëscht 
-Gebuertslëscht
-Wochebettkultur?
-Wochebettlëscht
-Wochebettaffirmatiounen
-Ressourcenaktivéierung bei den Elteren
-Bindung stäerken
-Signaler vum Bëbee erkennen, Bedierfnisser stëllen a Bëbee berouegen
-Kinästhetik Infant Handling 
-Mammemëllech an Ersatzmëllech 
-Bëbeeschlof
-Wëndelen
-Droen
-Rebozo

E weidere wichtege Punkt am “Belly Basics” Cours ass den Iwwergang vun der Fra zur Mamm a vum Mann zum Papp. Ech schwätzen doriwwer, wéi déifgräifend dës Verännerung ass an zwar op emotionalem, partnerschaftlechem a sozialem Niveau a wéi een dës nei Roll mat méi Sécherheet a Vertrauen wuesse loosse kann.

Ech si relativ flexibel, wann och a Schichte geschafft muss ginn. Aner Datumer, aner Auerzäiten, individuell  an souguer online Coursen sinn natierlech och méiglech.

Déi weg gemittlech Kleeder un, bréng rutschfest Strëmp oder Schlappe, eppes fir ze drénken an eppes fir ze schreiwe mat! Merci!

(1 Buchung pro Koppel)

De “Belly Basics” ass e ganzheetleche, bindungs- a bedierfnisorientéierte Cours, deen dech dobäi ënnerstëtzt, d’Wochebett méi bewosst ze gestalten. Nieft wichtegem Wëssen iwwert d’kierperlech an emotional Verännerungen an dëser sensibeler Phase, léiers du och, wéi bedeitend et ass, e staarkt ‘Duerf’...

Events

Block

  1. Belly Basics

    Keine Beschreibung verfügbar

    Termine
    1. Mi 22 Apr 15:30-17:30
    2. Mi 29 Apr 15:30-17:30
    3. Mi 13 Mai 15:30-17:30
    4. Mi 20 Mai 15:30-17:30
    5. Mi 3 Jun 15:30-17:30
    6. Mi 10 Jun 15:30-17:30

    Nur noch 3 übrig

    Für 350 € buchen
  1. Belly Basics

    Keine Beschreibung verfügbar

    1. Mi 22 Apr 15:30-17:30
    2. Mi 29 Apr 15:30-17:30
    3. Mi 13 Mai 15:30-17:30
    4. Mi 20 Mai 15:30-17:30
    5. Mi 3 Jun 15:30-17:30
    6. Mi 10 Jun 15:30-17:30