Beschreibung
Bräi/Bräifräi Workshop
Huet däi Bëbee kéng Loscht Bräi z'iessen oder ësst däi Bëbee Bräi an du wëlls gär wësse wéi eng Méiglechkeeten et nach ginn oder du wëlls dech einfach mol informéiere kommen ier et mam Iesse lass geet? Dann bass du genee richteg. Mir kucken eis fir d'éischt d'Ënnerscheeder tëscht dem Bräi an de Stécker un a befaassen eis mat de Vir- an d'Nodeeler vun deenen zwou Methoden. Ech erklären dir op wéi eng Unzeechen du oppasse solls an dat et wichteg ass däi Bëbee ouni Bewäertung, Drock an Zwang an där sensibeler Phas ze begleeden. Du gëss och gewuer wéi eng Liewensmëttelen a Fro kommen a du wäerts am Laf vum Moie gesinn, dass d'Beikost keng esou grouss Affär ass.
De Workshop ass immens interaktiv. Jiddereen dierf matschaffen a seng Froe stellen. Zum Schluss kucke mir eis e puer Videoen un, déi dat Ganzt schéin ofronnen. Nom Workshop wäerts du dech méi sécher fillen a méi geloossen un déi Saach eru goen.

Do weg gemittlech Kleeder un, bréng rutschfest Strëmp oder Schlappen an eppes fir ze drénke mat! Merci!
Bräi/Bräifräi Workshop
Huet däi Bëbee kéng Loscht Bräi z'iessen oder ësst däi Bëbee Bräi an du wëlls gär wësse wéi eng Méiglechkeeten et nach ginn oder du wëlls dech einfach mol informéiere kommen ier et mam Iesse lass geet? Dann bass du genee richteg. Mir kucken eis fir d'éischt d'Ënnerscheeder tësc...