MamiZen
Wellnessmassage fir schwanger an net schwanger Fraen

Zurück

Beschreibung

Massage Entspannung Auszeit

MamiZen

Gënn dir 2,5-3 Stonnen Zäit fir an eng Welt anzedauchen, déi déngem Kierper, dengem Geescht an denger Séil gutt dinn! MamiZen ass eng Wellnessmassage fir schwanger an net schwanger Fraen. 

Fir d’éischt ass e Virgespréich ugesot. Mir léieren eis kennen an ech erkläeren dir wéi d’MamiZen Massage ofleeft. Virun der Massage dierfs du, wann s du Loscht hues, eng Kraaftkaart zéien. D’Nochricht vun der Kaart huele mir mat an d’Massage fir dat se sech och gutt entfaale kann. 

D’Massage selwer dauert ongeféier 90 Minutten. Si kann vill Virdeeler hunn:

-Stressofbau, déif Entspanung
-Reguléiert de Nervesystem
-Regeneratioun op all de Niveauen
-Rengegend a verjüngend
-Verbessert Bluttzirkulatioun
-D’Immunsystem gëtt gestäerkt
-Bluttdrocksenkung
-Positiv Wierkung op de Schlof
-Harmoniséiert insgesamt Doshas zumools bei engem Vata iwwerschoss

No der Massage, hu mir nach e kléngt Nogespréich. Sou kriss du och Zäit fir nees ganz an dëser Welt unzekommen. 

Dës Massage ersetzt iwwregens keng medezinesch oder physiotherapeutesch Behandlung, mee déngt der Selbstversuergung an dem perséinleche Wuelbefanne.










MamiZen

Gënn dir 2,5-3 Stonnen Zäit fir an eng Welt anzedauchen, déi déngem Kierper, dengem Geescht an denger Séil gutt dinn! MamiZen ass eng Wellnessmassage fir schwanger an net schwanger Fraen. 

Fir d’éischt ass e Virgespréich ugesot. Mir léieren eis kennen an ech erkläeren dir wéi d’MamiZen Massage...

Events