Gesëschtercours
...fir mat méi Freed a Geloossenheet duerch déi spannend an erausfuerdernd Zäit kommen.

Zurück

Beschreibung

Geschwister

De “Gesëschtercours” vun “Einfach Elteren” bereet dech, däi Partner:in an och dat “grousst Kand” oder déi “grouss Kanner” op d’Ukomme vum Bëbee vir.

Et ass fir d’éischt en Elterendeel ouni Kanner vun 2,5 Stonne bei mir zu Sëll virgesinn an en aneren Dag, wou s du mam Kand oder mat de Kanner (2,5-12 Joer) an de “Gesëchtercours” komme kanns, wou Theme mat hinne ganz kandgerecht a locker opgegraff gi fir si op déi besonnesch Zäit virzebereeden. Dee Cours dauert ong. 90 Minutten. An da gëtt et nach en Notreffen vun 2 Stonnen ouni grouss Kanner, mee mat Bëbee.

Zesumme kucke mir nom Elterendeel ouni Kanner, wéi een Dag passe géing fir de "Gesëschtercours" mat de Kanner ze maachen.

(1 Buchung pro Famill)

ELTERENDEEL (OUNI KAND/KANNER)

Wärend dem Elterendeel erklären ech wéi s du dech selwer an och dat “grousst” Kand oder déi grouss Kanner op den Nowuess virbereede kanns.

Hei sinn déi vereenzelt Themen:

 -Wat kanns du scho wärend der Schwangerschaft maache fir d’Bindung tëscht dem “grousse” Kand oder de “grousse” Kanner a dem Bëbee, deen nach am Bauch wunnt opzebauen?
-Organisatioun Gebuert, d'Kand oder d'Kanner op d'Gebuert virbereeden
 -Wat kanns du no der Gebuert maache fir dat d’Bindung tëscht dem “grousse” Kand oder de “grousse” Kanner mam Bëbee gestäerkt ka ginn?
 -Nogebuertlech Gesëschterkris? Gefillschaos? Wat maachen?
 -Signaler vum “grousse Kand” oder de "grousse" Kanner richteg deiten an drop agoe kënnen
 -Gewaltfräi Kommunikatioun
 -Aktivitéiten, déi Sënn maachen
 -Exklusivzäiten fir jiddereen
 -Tipps fir méi geloossen duerch déi spannend an erausfuerderend Zäit ze komme

GESËSCHTERCOURS (MAM KAND/KANNER)

Am “Gesëschtercours”, do geet et just ëm dat “grousst” Kand oder déi “grouss” Kanner an dem Bëbee, deen nach bei dir am Bauch wunnt. D’Kand oder d’Kanner sollen tëscht 2-12 Joer ong. al sinn. Si kënnen hier Popp oder hire Petzi matbrénge fir ze üben.

Hei sinn d’Aktivitéiten, déi ech mat de Kanner maache wäert:

-wat kann de Bëbee schonn alles am Bauch?
-wat kann de Bëbee schonn alles, wann en op der Welt ass an op wat muss een oppassen?
-d’Popp mam Kand zesummen ausdoen, propper maachen, masséieren, undoen, spillen,…
-d’Kanner kënnen hier Popp mat enger Kannerdrohëllef droen
-en extra Lidd fir de Bëbee sangen an danzen
-Bastelaktivitéit fir de Bëbee
-e Billerbuch zesumme kucken, wou d’Famill Nowuess kritt

Zum Schluss kréien d’Kanner hiren “Gesëschterdiplom” a kënnen de Kaddo fir de Bëbee selbstverständlech och mat heem huelen. Si kréien och eng kleng Geschicht mat heem an e Gesëschter-Pins.

Dësen “Gesëschtercours” baséiert op deenen neisten Erkenntnisser aus der Bindungs-, Entwécklungs- a Gehierforschung. D’Ziel ass dat s du, däi Partner:in an däi Kand oder Kanner mat méi Freed a Geloossenheet duerch den Alldag komme sollt. Eng gutt Basis, mat gudde Ressourcen an Tipps kënnen déi spannend an erausfuerderend Zäit definitiv vereinfachen.

NOTREFFEN (OUNI GROUSST KAND/KANNER)

Nom Wochebett gëtt zesumme gekuckt, wéini dat een sech kéint erëmgesi fir e Réckbléck ze maachen. De Cours dauert ong. 2 Stonnen. Du kriss genuch Raum an Zäit fir ze berichte wat s du erlieft hues an du kanns déng ganz individuell Froen iwwert d’Gesëschterthema stellen. 

Do weg gemittlech Kleeder un, bréng rutschfest Strëmp oder Schlappe mat, eppes fir ze drénken an ze schreiwe mat! Merci!

(1 Buchung pro Famill)

De “Gesëschtercours” vun “Einfach Elteren” bereet dech, däi Partner:in an och dat “grousst Kand” oder déi “grouss Kanner” op d’Ukomme vum Bëbee vir.

Et ass fir d’éischt en Elterendeel ouni Kanner vun 2,5 Stonne bei mir zu Sëll virgesinn an en aneren Dag, wou s du mam Kand oder mat de Kanner (2,5-12 J...

Events

Block

  1. Gesëschtercours

    Keine Beschreibung verfügbar

    Termine
    1. Mi 15 Apr 15:00-17:30

    Ausgebucht

  1. Gesëschtercours

    Keine Beschreibung verfügbar

    1. Mi 15 Apr 15:00-17:30