Beschreibung
Duerch d‘Gebuert vun engem anere Puppelchen ännert d‘Struktur an der Famill nach eng Kéier an net ëmmer ass d‘Ukomme vum nei gebuerene Bierger fir d‘Geschwësterkanner eng Freed.
De Geschwëstercours vun Einfach Eltern soll hëllefen, op eng léif an informéiert Manéier mat Hëllef vun den neisten Erkenntnisser aus der Entwécklung a Gehierfuerschung, duerch den turbulenten Alldag ze begleeden.
Dése Cours besteet aus enger Stonn mat den Elteren a mam Kand, een Elterenowend ouni Kand an no der Gebuert eng Stonn alleguer zesummen.
Themen vun der éischter Stonn mat Kand:
- Kanner leieren eng Stoffwëndel maachen a wisou sie dono beim Puppelchen zwar kennen hëllefen awer net eleng wéckelen.
- Anhand vu Biller kréien sie erkläert wat de Puppelchen am Bauch an no der Gebuert schonn alles kann a wat net.
- An zum Schluss kréien sie nach e flotte Geschwësterdiplom a kennen zesummen eng kleng Iwwerraschung fir de Puppelche gestalten.
Themen um Elterenowend:
- Wéi Bindung entsteet
- Bindung innerhalb vun der Famill stäerken
- De Band tëscht de Geschwëster stäerken
- Virbereedung op eventuell Schwieregkeeten
- Exklusivzeit fir jiddereen a wéi déi kennen ausgesinn
- Ab wéini kennen Kanner iwwerhaapt Verständnis opbréngen
- Wéi schlofe mir ab elo all
- Tipps an Tricks ronderëm d‘Mëllech-an d‘Wéckelzait
- Geschwësterskills
- A villes méi…
Duerch d‘Gebuert vun engem anere Puppelchen ännert d‘Struktur an der Famill nach eng Kéier an net ëmmer ass d‘Ukomme vum nei gebuerene Bierger fir d‘Geschwësterkanner eng Freed.
De Geschwëstercours vun Einfach Eltern soll hëllefen, op eng léif an informéiert Manéier mat Hëllef vun den neisten Erkennt...