Beschreibung
Tankt zesumme Kraaft a schaaft e Moment vun intensiver Rou just fir iech. Duerch déi verschidde Massagetechniken gëtt och déi kierperlech a séilesch Entwécklung vum Kand gefuerdert an de gezielte Kierperkontakt duerch är zäertlech Beréierungen ass och eng Form vun nonverbaler Kommunikatioun tëscht iech an ärem Kand.
Et hëlleft Stresshormoner ofzebauen, stäerkt d‘Immunsystem an et kënne verschidde Beschwerden vum Kand, wéi zum Beispill Blähungen, allgemeng Onrou, asw duerch déi verschidde Massagetechniken gemindert gi.
Du bass interesséiert un engem klenge gemittleche Kader gemeinsam mat dengem Bëbee e puer flott an intensiv Momenter ze erliewen? Dann wier eng Bëbeesmassage bei mir genau dat Richtegt.
Mir gesinn eis 2x 1,5h-2h, sou hu mir genuch Zeit fir e gemeinsamen Austausch, fir Unzekommen, d‘Massage ze genéissen an e kléngen Ofschloss ze maachen. De Cours riicht sech u Bëbee‘en tëscht 6 Wochen a 6 Méint.
Du léiers déi verschidde Grëffer aus der klassescher Massagetechnik nom Frédérick Leboyer kënnen, sou dass du dës och Doheem uwende kanns. Do weg gemittlech Kleeder un a bréng en Duch an eppes fir ze drénke mat! De Massagenueleg kriss du vu mir.
Tankt zesumme Kraaft a schaaft e Moment vun intensiver Rou just fir iech. Duerch déi verschidde Massagetechniken gëtt och déi kierperlech a séilesch Entwécklung vum Kand gefuerdert an de gezielte Kierperkontakt duerch är zäertlech Beréierungen ass och eng Form vun nonverbaler Kommunikatioun tëscht i...